Shirkadath - Bandhistory
Eis Band as am Februar'95 ënnert dem Numm Lobotomy gegrënd gin, den huet awer missen geännert
gin, well mer gewuer gin sin, dass et schon eng schwedesch Death-Metal-Grupp get, déi esou heescht!
Gegrënd gin as d'Band
vum Steve Melsen (Guitar), an vum Phil Kessel (Drums), zousätzlech as dann och nach den Tom Schütz (Guitar) dobaikomm.
Demols hun se nach missen ouni
Bassist an Sänger prouven, wouduerch d'Stécker nach ziemlech
monoton astudéiert goufen.
Als nächsten Bandmember
as dann den Armand Thies (Vocals)
dozoukomm. Schliesslech as dann mam Jemp Berg och nach e Bassist dobäi komm. Vun der
Grënnung vun der Band bis zur vollstänneger Besetzung sin eng 5 Méint vergang.
Den 23.September'95 huet d'Grupp dann
endlech hieren éischten Concert gespillt zu Esch
am Café Bulldog. Gläich drop am Oktober'95 huet den Tom dann d'Band verloss
fir an d'Arméi
ze goen. Heen as dann vum aktuellen Member Corneille Hoffmann ersat gin.
Den 4.Mai'96 hun
mer dann um Concours
de Selection zu Diddeléng matgemach, wou mer awer trotz eiser
Beméihung an engem zefriddenen Publikum net ënnert déi
éischt 3 komm sin. Mär waren awer
trotzdem sauméisseg zefridden.
Am Mai'96 huet dann och den Jemp d'Band verloss, och fir
an d'Arméi ze goen. Hen huet Platz gemach fir den Daniel Fastro, den dann eisen Mann um
Bass war. En halleft Joer spéider, am Februar'97 huet dann och eisen Sänger Armand sech décidéiert fir säin Dingscht an der
Arméi unzetrieden! Eisen neien
Sänger war dono den Rony Willems, den dann fir all d'Lidder
néi Texter an Gesangsmelodien geschriwen huet, wouduerch en konnt séng
Gefiller an säin
Stil ausdrécken!
No e ganze Koup Concerten, an weider Live-Erfahrung hun mer dann en
2.Versuch ënnerhol um Concours de Selection, den 2.Mai'98. Déi Kéier haten mer méi Gléck, sou dass mer déi 1.Platz an der Täsch haten! Duerch den Erfolleg konnte mer den
13.Juni'98
d'Fête de la Musique zu Diddeléng eröffnen.
Den 20.Juni'98 hun mer dann eis éischt
Maxi-CD "Sphere" erausbruecht, déi awer entzwëschen ausverkaaf as!
Ufank vum Joer'99 huet
den Dan eis matgedeelt, dass en d'Band ging verlossen. Hen as an
Richtung Baby Chams
(net an d'Arméi) gang!
Fir séng Platz anzehuelen, huet den Frank Meysenburg dann de
Bass iwerholl.
Am Abrëll'99 hun mer
d'Auszeechnung "Gëlle Fra" kritt als "Bescht Newcomer-Band'98"! Eisen 50.Concert konnten
mer
um "Red Stone Open-Air Festival" den 7.Juli 2001 zu Déifferdéng feieren!
Am Joer 2003 as endlech eisen 1.Album erauskomm, den den Numm "Gardens Of Shirkadath" dréiht! En kompletten Album opzehuelen war e wichtegt neit Kapitel an eiser Bandgeschicht!
Am Februar 2004 huet de Frank aus musikaleschen Grënn d'Band verloss. Fir heen huet den Claude Ewert de Bass iwerholl!
Heen war dann och dobäi wou mer mat engem groussen Festival zu Diddeléng eist 10-jähregt Bestehen gefeiert hun.
Mat him hun mer dann eisen 2. Longplayer "Beyond Time&Space" opgeholl! Just no den Opnahmen vun der CD, déi 2007 erauskoum, huet de Claude eis dann verloss fir sech méi op säin Studium ze konzentréieren.
Duerno hate mer dann leider eng laang Duuschtstreck ze iwerstoen well mer einfach keen passenden Bassist fonnt hun...dozou koum dann och nach dass den Steve d'Band ebenfalls verloss huet well en Famill an Band zäitlech net ënnert en Hutt kritt huet.
Nodems mer dann eng laang Zäit zu 3 geprouft hun an 2 Concerten mam Dan Fastro als Ersatz-Bassist gespillt hun as en alen Bekannten erem an d'Spill komm: De Frank Meysenburg war erem do an mär haten endlech erem e Bassist!
To be continued...