Home
News
Pics
Bandhistory
Bandmembers
Lyrics
Live Gigs
Discography
Downloads
Contact


Counter

Leschten Update:
16.05.2015



Shirkadath - News-Archiv




  • 29.09.2012 Als neien Bassist as de Carlo Liber zou eis gestouss. Wëllkomm bäi Shirkadath!

  • 20.03.2011 Mär hun eis op den neien Numm Shirkadath geenegt!

  • 20.03.2011 Den Arjen Vink huet aus perséinlechen Grenn opgehal an dofir sichen mer elo (alt erem) en neien Bassist. Wen interesséiert as kann eis gären eng Mail schécken.

  • 17.10.2010 Lazy Bones hun fir de Concert zu Waldbredimus leider missen ofsoen an gin ersat durch ShadoWhispers.

  • 01.07.2010 Endlech! Thousand Lakes hun erem e Bassist, den neien Mann un de 4 stohlen Seeler héiert op den interessanten Numm Arjen Vink!

  • 10.06.2010 WICHTEG!! Och wenn mer näischt onversicht geloss hun, musse mer de Concert am "Cafe Bamboesch" vum Samschden leider ofsoen, an dëst durch eng eis net matgedeelten Iwernahm vum Café, as dësen de Moment zou. Mir zielen op ärt Verständnis.

  • 26.05.2010 De Frank Meysenburg huet eis verloss, as also net méi Bassist bäi Thousand Lakes. Déi 3 Concerten virum Summer sin awer net a Gefohr, mär hun en Ersatzmann den fir de Frank aspréngt.

  • 24.05.2010 Mär huelen dëst Joer deel un der Fête de la Musique op der Escher Maartplaatz.

  • 16.03.2010 Eisen Live-Kalenner fir 2010 as amgang sech ze fëllen; et lount sech an nächster Zäit d'Live Gigs-Sektioun am Aa ze behalen.

  • 09.02.2010 D'Fotoen vum Concert vum 06.Februar zu Féitz sin online.

  • 19.11.2009 Opgepasst! Mär hun eisen Optrëtt vum Freiden, 19.November zu Niederanven aus organisatoreschen Grënn gecancelt! Groussen Sorry un déi Leit déi wéinst eis wollten dohin kommen, mee mär hun eis Grënn! Planungen fir Concerten am Februar an März lafen schon, méiglecherweis kënnt der och schon éischter mat eis rechnen!

  • 12.07.2009 Den Samschden, 1.August feiert de Corneille säin Gebuertsdag mat engem Concert! Dat Ganzt fënnt statt an der Stadt am "New Madison", nieft Thousand Lakes sin och nach Lost In Pain um Start! Ufank as um 20:00 Auer an den Entree as selbstverständlech fräi!

  • 30.05.2009 Säit kurzem as den neien Design vun eiser Homepage online!

  • 28.05.2009 Mär spillen den 18.Juli am "Cafe Bamboesch" am Rolléngergrond, an zwar zesummen mat de Bands "Despite The Glow" an "Scizotwins"! Dat ganzt geet um 20:00 lass an den Entree as fräi!

  • 01.12.2008 Mär hun mat der däitscher Band Ritual Steel e Projekt um Lafen wou mer zesummen eng 7"-Single veröffentlechen. Mär waren am Fréijoer an den "Newsproduction-Studio" fir eist Stéck "Don't take away the sun" opzehuelen, dat mat op d'Vinyl kënnt! Iwert den Datum vum Release informéieren mer iech soubal mer méi wëssen...

    Eis Frënn vun Edge Of Thorns hun eis agelueden fir den Dënschden, den 23. Dezember op hierer Proberaum-Party matzespillen. Während mer lescht Joer nach hun missen ofsoen, huet et dëst Joer geklappt. Dat ganzt fënnt statt zu Bitburg um "Flugplatz"!

    Ausserdem spillen mer den 24.Januar zu Fennéng am "Cafe Nicola"!

  • 25.07.2008 Mär spillen den 2.August an der Stad am "New Madison" unlässlech dem Corneille sénger Gebuertsdags-Party! Als klengen Extra sidd der no eisem Concert agelueden un enger Jam Session deelzehuelen!

  • 08.04.2008 Leider mussen mer eisen Optrëtt um Festival vum Samschden, 12.Abrëll 2008 zu Eileréng ofsoen, eisen Bassist steet eis aus gesondheetlechen Grënn fir den Owend net zur Verfügung. Mär schaffen awer schon un den nächsten Gigs...

  • 09.02.2008 Den 1. Concert fir 2008 steet fest, an zwar den 22.März zu Kopstal, méi Infos an eiser Gigs-Sektioun. Et sin och nach weider Gigs fir dest Joer an Planung...

  • 21.03.2008 No grousser Nofro hei och endlech dem Steve säin Statement: "Sorry, dass dir esou lang hut missen op mäin Statement warden. Ech wees jo net ob jiddereen et matkritt huet, mee ech sin d'lescht Joer, den 07.01.07 Papp vun Zwillingen gin. Déi 2, d'Emma an den Rémy hun mech, esou ze soen iwerried kritt, fir esou vill wéi méiglech Zäit mat hinnen ze verbréngen. Et get näischt méi schéines wann een d'Kanner laachen gesäit. Aus dem Grond kann ech eben net méi genuch Zäit opbréngen fir bäi Thousand Lakes als aktiven Musiker mat ze spillen. Ech bleiwen awer am Hannergrond dobäi an bekëmmeren mech weiderhin em déi Sachen déi ech soss nach nieft dem Gituarspillen och ëmmer gemach hun. Dat wieren d'Finanzen vun der Band, d'Verdeelung an den Verkaaf vun eisen CD'en, an den een oder aneren Concert organiséieren. Ech sin natirlech och emol bäi verschiddenen Concerten unwiesend, also et gesäit een sech ab und zu emol erem. Bis dann an gidd ären Ouren esou vill wéi méiglech Metal ze lauschteren!!"
    Domat sollt dann och geklärt sin dass dat ganz alleng dem Steve séng Entscheedung war, an keen en dozou iwerried huet!

  • 06.12.2007 Den Album as vun elo un och erhältlech iwer cdeal.de, wou een och bequem per Kreditkaart bestellen kann!

  • 24.11.2007 Där kënnt eisen neien Album "Beyond Time & Space" bestellen ënnert dem Link www.multimediart.lu! Et as och nach e Restposten vum Virgänger "Gardens Of Shirkadath" erhältlech!

  • 10.11.2007 Endlech as et souwäit: Beyond Time & Space as do! Et huet lang gedauert, mee all Wardezäit huet irgendwann en Enn! Mär versuergen iech an nächster Zäit nach mat denen néidegen Informatiounen wéi een d'CD kréien kann. Wen schon interesséiert as, kann eis gär eng E-Mail schécken op contact@thousandlakes.lu!

    Eng aner Sach as, dass de Steve eis matgedeelt huet dass en d'Band verléisst, well et einfach net geet fir alles ënnert en Hut ze kréien mat der Band an den familiären Pflichten. An kierzter Zäit kritt der hei en statement dozou vum Steve selwer präsentéiert! En bleift eis natirlech erhal an sénger Arbecht als Bandmanager an Finanzorganisator, ouni déi eis Band méiglecherweis haut net esouwäit wär, wéi se elo as!

  • 29.10.2007 Eisen neien Album kënnt viraussichtlech Mëtt November eraus!

  • 20.09.2007 Déi lang Sich no engem Bassist as endlech eriwer: De Frank Meysenburg, den virun e puer Joer schen bäi eis gespillt huet, as erem zréck an der Band! Heen war och schon op eisem Album "Gardens Of Shirkadath" mat vun der Partie! Welcome back, Frank!

  • 10.09.2007 De Concert vum 29.September am New Madison as ofgesot!

  • 29.08.2007 Et get 2 Concerten am September!

  • 29.08.2007 Eisen Album "Beyond Time & Space" misst an e puer Wochen erauskommen!

  • 09.07.2007 Mär wëllen iech matdeelen, dass de Steve Melsen bis bis mindestens Ufank 2008 net méi fir eis zur Verfügung steht! Den Steve dozou:
    "Den heiten mecht elo bis Ufank nächst Joer eng Babypaus. Et as eben am Ufank vill Arbecht mat Zwillingen an ech wëll méng Fra esou vill wéi méiglech ënnerstëtzen. Wann déi 2 emol hier Fläsch selwer halen kënnen an och trëppelen kënnen as alles méi einfach. Bis dohin wëll ech emol vill Zäit mat méngen Klengen verbréngen."
    Dat ganzt huet keen Afloss op zukünfteg Concerten am Joer 2007, mär schaffen virleefeg mol mat engem Gitarrist weider!

  • 27.05.2007 Den Samschden, 28.Juli spillen mer fir dem Corneille säin Gebuertsdag zu Péiténg am Chalet Langwiss! Well mer bis elo nach keen neien Bassist hun, spréngt den Dan Fastro, den schon virun Joeren an der Band war, frëndlecherweis fir den Gig an! Et get eng fräi Nuecht an e Fass Fräibéier!

  • 20.05.2007 Mär mussen iech leider matdeelen, dass de Claude Ewert d'Band verloss huet, an zwar aus musikaleschen Grënn! Mär sin momentan op der Sich no engem neien Bassist, wen interesséiert as kann eis eng E-Mail schécken op contact@thousandlakes.lu

  • 09.05.2007 De Mix zu eisem neien Album "Beyond Time & Space" leeft op Héichtouren! Mär hun zwar nach keen Release-Datum fir iech awer an der Discography-Sektioun e puer nei Infos an e klengen Preview-Song zum Download!

  • 28.03.2007 D'Opnahmen zu eisem neien Album "Beyond Time & Space" sin souwäit ofgeschloss, elo geet et un d'Ofmëschen. Iwert de genauen Zäitpunkt vum Release gidd der selbstverständlech nach informéiert!

  • 28.03.2007 Mär hun op eiser Site en neit Guestbook, dat anert huet de Geescht opgin. Leider sin och sämtlech Einträge fort sou dass mer iech bieden dat neit e bëssen ze fëllen (kann dach net esou eidel bleiwen...)

  • 13.09.2006 D' Opnahmen zu eisem neien Album "Beyond Time & Space" sin an vollem Gange! Drums an Bass sin agespillt, am Moment lafen d'Opnahmen vun de Gitarren op Héichtouren! Et as mat am Moment nach ze fréih fir en Release-Datum ze nennen, mär halen iech awer um Lafenden wéi et weidergeht...

  • 03.07.2006 Mär mussen iech leider matdeelen dass den Concert zu Bitburg ofgesot as. Dofir spillen mer Freides, den 28.Juli zesummen mat eisen Kollegen vun Lazy Bones zu Péiténg um Chalet Langwies, an zwar fir dem Corneille séng Gebuertsdags-Party! Mär wären frouh méiglechst vill Leit do ze begréissen! Eng Woch méi spéit fänken mer un mat den Opnahmen fir eisen neien Album!

  • 26.04.2006 Ufank August 2006 gin mer an de Studio fir en neien Album opzehuelen!

  • 08.11.2005 Et get eng Reih nei Concerten ze vermellen fir Enn 2005 an Ufank 2006!

  • 25.10.2005 Et get säit kurzem den alleréischten lëtzebuerger Zombie-Film, an mär duerften och e stéck Musik dozou bäidroen! Alles zum Film ënner www.zombiefilm.lu!

  • 25.09.2005 Eisen 10 years Concert war e vollen Erfolleg, an mär wëllen all denen Leit merci soen déi do waren! E groussen merci och un déi Leit déi eis gehollef hun (Armand, Tammy, Carine an Sascha), un déi Bands déi matgemach hun (Defcon 1, Edge of Thorns an Lazy Bones), an natirlech un all déi Leit déi eis déi 10 Joer trei begleet hun!

  • 19.08.2005 Soulues get et eescht fir eisen 10 years Gig zu Dideléng an der Maison Syndicale! Ausser Thousand Lakes sin dobäi: Lazy Bones, Edge Of Thorns souwéi Defcon 1! Et geht um 19:00 Auer un an den Entree bedréiht 6 Euro am Virverkaf an 7 Euro an der Oweskees! De Virverkaf geet just iwer d'Bands selwer, wen gär en Ticket hätt kann eis eng E-mail schécken, dann kréien mer dat sëcher iwert d'Bühn! Fir déi déi net genau wëssen wou d'Maison Syndicale as, hei nach emol d'Adress:

    31, av. G.-D. Charlotte
    Dideléng

    Bleift just nach ze soen, dass mer op är Präsenz hoffen fir dass et och den flotten Metal-Evening get den mer eis wënschen! Et feiert een schliesslech just eng Kéier 10 Joer!

  • 15.03.2005 Den Concert vum 1.Abrëll zu Longwy as ofgesot!

  • 28.12.2004 Mär plangen fir den 24.September 2005 e groussen Concert zu Diddeléng an der "Maison Syndicale", dat ganzt fir eist 10jähregt Bestehen (do gesäit een mol wéi d'Zäit vergeht...)! Et get nach e ganze Koup Neiegkeeten wat Concerten ugeet an der Gigs-Sektioun! Iwregens gin vun elo un d'Concerts-Daten an enger iwersichtlecher Tabellenstruktur ugewisen.

  • 21.11.2004 Den éischte Concert fir 2005 steht fest, an zwar den 15.Januar am "Intro Cafe"! Mat dobäi sin eis däitsch Frënn vun Edge of Thorns!

  • 06.09.2004 Den 9.Oktober hun mer Concert an der Stadt am "New Madison"!

  • 19.08.2004 Endlech as och eng englesch Versioun vun eiser Homepage an Arbecht! Et as nach e bëssen drun ze machen, lang dauert et awer net méi!

  • 10.08.2004 De Samschden, 14.August as de Concert mat Bleeding Sword zu Waldbredimus! Et warden e ganze Koup Bands op iech...(Gigs)

  • 06.06.2004 Et get e puer Neiegkeeten an der Gigs-Sektioun!

  • 17.05.2004 De Concert mat Bleeding Sword get op e spéideren Datum verluet!

  • 10.05.2004 Fir de Concert mat Bleeding Sword get et Schwieregkeeten, de Sall zu Waldbredimus as net méi verfügbar! D'Jongen schaffen awer drun, sou dass d'Chance awer do as, eng aner Platz ze fannen!

  • 10.05.2004 E Freiden, den 14.Mai as de Rony am Radio Ara 103.3 an der Sendung KAMIKAZE ze héieren, an zwar vun 14:00 bis 16:00 Auer! Et geet em den Heavy Metal aus den 80er Joeren, also dierft et eng ganz interessant Sendung gin!

  • 20.04.2004 Et get e puer nei Concerten ze vermellen!

  • 20.04.2004 Den Dag virum Concert am Intro, nämlech Freides, den 7.Mai hun mer en Interview bäim Radio ARA FM 103.3 an der Sendung KAMIKAZE, an zwar vun 14:00 bis 16:00 Auer!

  • 16.03.2004 Mär hun nei Detailer fir de Concert an der Stadt!

  • 12.03.2004 En get en weideren Concert ze vermellen, an zwar den 3.Abrëll an der Stadt Lëtzebuerg!

  • 10.03.2004 Den 8.Mai 2004 hun mer Concert zu Diddeléng!

  • 09.03.2004 Endlech kënnt der och eng Foto vun eisem neien Bassist Claude Ewert bewonneren!

  • 20.02.2004 Mär hun en neien Bassist fonnt! Den Mann heescht Claude Ewert! An der Rubrik Bandmembers fannt der méi Informatiounen iwert heen!

  • 12.02.2004 Vun eisem Album "Gardens Of Shirkadath" kënnt der elo verschidden Stécker als Preview eroflueden (jeweils ca. 1 Min. am MP3-Format)!

  • 06.02.2004 Wichteg!!! Mär sichen ab sofort en neien Bassist! De Frank huet aus musikaleschen Grënn decidéiert bäi Thousand Lakes opzehalen! En as awer bereet fir geplangten Concerten nach matzespillen! Mär soen dem Frank villmols merci fir 5 Joer gutt Zesummenarbecht!
    Also wenns de Heavy Metal gär hues, och nach Bass spillen kanns an interesséiert bas, dann schreif einfach eng E-mail op corneille@internet.lu

  • 04.02.2004 De Rony as de Freiden, den 6.Februar vun 14:00 bis 16:00 Auer am Radio ARA FM 103.3 an der Sendung KAMIKAZEzu Gaascht an schwätzt do iwer den Heavy Metal an den 80er Joeren! Dat dierft ganz interessant gin, also onbedingt eranlauschteren!

  • 04.02.2004 Wat Concerten ugeet hun mer e puer Sachen an Planung awer am Moment nach näischt konkretes, dat dierft sech awer gläich änneren!

  • 17.12.2003 An der Gigs-Sektioun get et nei Detailer fir den Concert zu Zolwer!

  • 15.12.2003 An erem en neien Gig, an zwar den 17. Januar 2004 zu Zolwer am "Highway 1" mat der däitscher Band "GunBarrel"!

  • 08.12.2003 Déi lescht Details fir de Concert zu Rëmeléng sin do!

  • 23.11.2003 Mär wëllen all denen Leit merci soen déi gëschter um Concert zu Trënténg waren an esou eng super Stëmmung gemach hun!

  • 18.11.2003 An der Gigs-Sektioun fannt der elo alles wëssenswertes iwert den Concert zu Trënténg!

  • 17.11.2003 Et get nei Info fir den Concert zu Rëmeléng!

  • 12.11.2003 Mär hun nei Detailer fir de Concert zu Trënténg!

  • 11.11.2003 Mär sin den 21.November vun 14:00 bis 16:00 Auer am Radio ARA!

  • 11.11.2003 Et get en weideren Concert, nämlech den 13.Dezember zu Remeléng!

  • 20.10.2003 Mär sin des Woch um Tango TV ze gesin, an zwar vun vun muar, Dënschden den 21.Oktober un all Dag bis en Freiden. Dat ganzt an der Sendung "Luc" um 18:03 Auer! Ausserdem leeft owes um halwer 12 eng Wiederhuelung fir déi déi am Dag schaffen!

  • 20.10.2003 Et get en neien Concert ze vermellen, nämlech den 22. November zu Trënténg!

  • 29.09.2003 Mär sin muar, Dënschden den 30.September, am Radio LRB 103,9 FM zu Besuch! Mär hun do en Interview, an zwar um 22.00 Auer!

  • 27.09.2003 Ännerung an der Lyrics-Sektioun : An Platz vun denen Song-Beschreibungen déi souwisou keen Mënsch interesséieren, kënnt der elo Texter vun den Stécker liesen!!

  • 27.09.2003 Neien Concert: Mär spillen den 25.Oktober 2003 an der Stadt Lëtzebuerg am "New Madison",an zwar zesummen mat Infiniti!

  • 20.08.2003 Et as endlech esouwäit: Eisen Album Gardens Of Shirkadath as do!!!

  • 04.08.2003 De Release vun eiser CD "Gardens Of Shirkadath" steht virun der Dier!!!

  • 09.06.2003 Mär hun nei Informatiounen fir de Concert vum 15.August!

  • 02.06.2003 Et get e ganze Koup Neiegkeeten an der Gigs-Sektioun ze fannen! Den 7.Juni spillen "Catch!Purple" an Platz vun "Hole Of Pleasure", déi ofgesot hun! Ebenfalls ofgesot as den Concert vum 5.Juli am "Madison"! Et get awer och gudd Norichten, nämlech 2 nei Concerten!

  • 13.05.2003 Mär hun nei Detailler fir iech iwert den Concert um "Wild Days in Luxembourg"zu Weiler-la-Tour!

  • 04.05.2003 En neie Concert: Den 7.Juni zu Péiténg!

  • 06.04.2003 Et get nei Eenzelheeten zu eisem Album "Gardens Of Shirkadath"!

  • 28.03.2003 Mär sin mat den Opnahmen zu eisem Album "Gardens Of Shirkadath" färdeg gin! An der MP3-Sektioun fannt der méi Detailer!

  • 28.03.2003 Et as erem e Concert bäikomm,an zwar 5.Juli 2003 an der Stadt am Café "New Madison"!

  • 12.03.2003 Mär hun 4 nei Concerten,den nächsten as den 5.Abrëll zu Diddeléng am "Intro"! Gigs-Sektioun

  • 12.03.2003 D'Opnahmen vun eisem Album "Gardens Of Shirkadath" stinn kurz virum Ofschloss! Iwert de Release kënnen mer am Moment awer nach nach näischt genaues soen!

  • 11.01.2003 Dir hut bestëmmt gemierkt dass eis Homepage säit engem Mount net méi aktualiséiert gin as! Dat läit dorun dass den Autor séng Adress gewiesselt huet an eng Zäit lang keen Internet-Anschluss hat! Sorry nach emol dofir!

  • 10.12.2002 Mär hun eis Foto-Gallerie em e puer Biller vum Concert am "Intro Cafe" zu Diddeléng erweidert!

  • 10.12.2002 Den Concert am "New Madison" fënnt elo definitiv den 11.Januar 2003 statt!

  • 10.12.2002 D'Arbechten un eisem Album "Gardens of Shirkadath" lafen op vollen Touren! Mär halen iech um lafenden wéi et weidergeet!

  • 02.12.2002 Den Concert vum 14.Dezember muss viraussichtlech op den 11.Januar 2003 verschoben gin!

  • 21.11.2002 Den 14.Dezember spillen mer en Concert an der Stadt am Café "New Madison",wou mer och eisen Proufraum hun!

  • 08.11.2002 Endlech get et Informatiounen fir den Concert am Intro!

  • 04.10.2002 Den Concert vum 12.Oktober zu Bereldéng huet missen aus gesonheetlechen Grënn ofgesot gin! Et as awer näischt schlëmmes,sou dass de Concert zu Diddeléng awer stattfënnt!

  • 25.09.2002 Mär gin ab dem 26.Oktober an de Studio fir eisen éischten Album opzehuelen,den héchstwarscheinlech den Titel "Gardens Of Shirkadath" dréit!

  • 13.08.2002 Mär hun 2 weider Concerten ze verbuchen,nämlech am Oktober zu Bereldéng an am November zu Diddeléng!

  • 13.08.2002 Et get nei Informatiounen fir den Concert zu Vichten!

  • 24.07.2002 Den 17.August hun mer Concert zu Vichten! (more...)

  • 09.07.2002 Déi lescht Info fir den Concert am Highway 1 sin do! (méi...)

  • 20.06.2002 Mär spillen den 28.Juni op der CD-Release-Party vun Dreaming In Red mat! Mär sprangen an fir eng Band déi sech ofgemellt huet! (more...)

  • 15.06.2002 Et steet fest wen mat eis zesummen den 20.Juli zu Zolwer am Highway 1 spillt,nämlech eis Kollegen vun Dreaming in Red! (méi...)

  • 11.06.2002 Den Concert vum 22.Juni am Café Madison as leider OFGESOT gin!

  • 02.06.2002 Mär hun erem 2 nei Concerten: Den 22.Juni an der Stadt an den 20.Juli zu Zolwer! (méi dozou)

  • 09.04.2002 Déi lescht Info fir den Concert am Café "New Madison" sin do! Mär spillen zesummen mat Infiniti!

  • 07.04.2002 Den Concert gëschter zu Trënténg war fir eis den Enn vun enger Paus vun 7 Méint! Et war en flott Gefill no esou enger langer Duuschtstreck erem ze spillen an mär wëllen heimat all denen Leit déi do waren nach emol merci soen!

  • 03.04.2002 Vun elo un un sin mer ënnert eiser neier Adress www.thousand lakes.lu erreechbar!!!

  • 22.03.2002 Déi lëtzebuergesch Rockgrupp SLONTCHA spillt mat eis zesummen de Concert den 6.Abrëll zu Trënténg!

  • 18.03.2002 An nach en Concert: Den 27.Abrëll 2002 hun mer Rendez-Vous an der Stadt Lëtzebuerg am "Café Madison",wou mer iwregens och prouwen! Weider Info wéi ëmmer an der Gigs-Sektioun!

  • 10.03.2002 Den 6.Abrëll spillen mer zu Trënténg an der "Auberge de Trintange"! Wéi et bis elo ausgesäit spillen mer den Concert als eenzeg Band!

  • 23.02.2002 De Concert zu Kënzeg huet leider missen ofgesot gin! De Patron vum Cafe hat sech d'Sach anescht iwerluecht,aus wéi engem Grond och ëmmer! Trotzdem wärten mer an nächster Zäit e puer Concerten plangen!

  • 13.02.2002 No 6 Méint Paus hun mer endlech erem e Concert,nämlech zesummen mat INFINITY zu Kënzeg am Cafe Sioux! Detailer fannt der an eiser Gigs-Sektioun!

  • 04.02.2002 Mär hun elo no kuerzer Paus en neien Proufraum fonnt! Nämlech an der Stadt am Cafe Madison! Elo kënne mer also erem duerfueren!

  • 20.01.2002 Mär hun missen aus eisem Proufraum zu Uewerkuer erausplënneren well do ëmgebaut get!


Op den Ufank vun der Säit




View this site
in English






Besicht eis och op: